Press Release 04/08/2022

Press Release 04/08/2022

Bobi Bleift

Virleeftegt Een vun der Besetzung: Appel un d’Regierung

Leschte Sonnden, den 31. Juli 2022 koum d’Bobibleift Besetzung vum Bobësch zu Käerjeng op e virleefegt Enn. Wei mir annoncéiert haten, huet et sech ëm eng zäitlech befrist Besetzung gehandelt.

No iwwer zwou Woche Besetzung kënne mir vill Erfolleger opweisen: mir hunn e grousse Krees vun Ënnerstëtzer*innen opgebaut. Mir hu bewisen, dass Bëschbesetzungen net just am Ausland funktionéieren. Mir hunn wärend eisen Atelieren, déi mer organiséiert hunn, eng sëllege Léit fir d’Thema interesséiert a mobiliséiert. Mir schléissen dës Aktioun am Kampf fir d’Bëscher tëscht Suessem a Käerjeng mat groussem Support aus der Gesellschaft of.

Mir hu gesinn, dass d’lëtzebuerger Gesellschaft bereet ass méi wäit ze goen fir de Klimawandel anzedämmen an d’Natur ze schützen. An enger Demokratie misst d’Regierung d’Idealer vun der Gesellschaft widerspigelen.
Fir der Regierung an all deenen, déi fir de Bau vun der Emgehungsstrooss gestëmmt hunn, nach eng Chance ze ginn hir Positioun vis-à-vis vum Käerjenger Contournement ze iwwerdenken, luede mir si ganz häerzlech op eng Bëschwanderung duech dei betraffen Terrainen an. Organiséiert vum Kollektiv Bobibleift a geleet vum Biolog Roger Schauls, wäert des Wanderung opdecken wéi wichteg an eenzegaarteg de Bobësch an de Zämerbësch sinn. Den Expert wäert och d’Wichtegkeet vum Bësch am Kontext vun der Klimakris erläuteren.

Mir freeën eis dorop all d’Amtsträger*innen déi un der Decisioun fir de Bau vum Contournement bedeelegt waren den 22. Oktober 2022 um 11h op der Gare Bascharage/Sanem ëmfänken ze kënnen. Besonnesch freeë mer eis op den Här Minister François Bausch, deen virun 30 Joer selwer ganz äifreg géint de Bau vu neie Stroosse protestéiert huet. Mir lueden natierlech och d’Press ganz häerzlech dozou an bei dësem Event dabei ze sinn.

Mir erënneren nach eng Kéier un eis Fuerderungen:
• E Stopp vun dësem a weidere Stroosseprojeten
• D’Protektioun vu sämtlechen nach existéierende Bëscher zu Lëtzebuerg
• Effizient, konsistent a séier Mesuren am Kampf géint d Klimakris

Och wann d’Besetzung elo en Enn fonnt huet wäert Bobibleift sech weiderhin fir d’Erhale vun de Bëscher zu Käerjeng asetzen an dës, wa néideg, op e Neits besetzen.

Mir bleiwe weiderhin erreechbar iwwer:
• E-mail: bobibleift@riseup.net
• Instagram: @bobibleift
• Twitter: @bobibleift
• Website: bobibleift.lu


Preliminary end of the occupation: appeal to the government


Last Sunday, the 31st of July, the occupation of the Bobësch in Bascharage under the name
Bobibleift came to a preliminary end. Like we had announced, this was a temporary occupation.

We’ve had a lot of success during the occupation that lasted over two weeks: we built a big
circle of supporters. We proved that forest occupations don’t only work in other countries.
During our workshops we managed to interest and mobilise countless people for our cause.
We’re closing off this action for the preservation of the forests between Bascharage and Sanem
with lots of support from the people.

We’ve seen that the Luxembourgish people are ready to go further when it comes to working
against climate change and protecting nature. In a democracy, the government should be
reflective of its citizens’ ideals.
To give the government and all those that voted for the construction of the bypass another
chance to rethink their position, we’d like to invite them on a walking-tour through the affected
grounds. Organized by the Bobibleift collective and guided by biologist Roger Schauls, this
hike will reveal how important and unique the Bobësch and the Zämerbësch truly are. The
expert will also touch on the importance of these forests in relation to the climate crisis.

We welcome all government officials that partook in the vote for the contournement to join on
the 22nd of October at 11am at the train station Bascharage/Sanem. We’re particularly excited
for the minister François Bausch, who himself protested eagerly against the constructions of
new roads 30 years ago. Of course, we also invite the press to be present and join this event.

We remind you once more of our demands:
• A stop to this and other road projects
• The protection of all remaining forests in Luxembourg
• Efficient, consistent and quick measures against the climate crisis

Even if our occupation has come to an end for now, Bobibleift is ready to continue their fight
for the preservation of the forests in Bascharage and, if need be, to occupy it once more.

You can reach out to us via:
• E-Mail: bobibleift@riseup.net
• Instagram: @bobibleift
• Twitter: @bobibleift
• Website: bobibleift.lu