Informéier dech a gëff aktiv!

Eist gréisst Drockmëttel, fir de Contournement ze verhënneren an d’Bëscher ze schützen ass Ëffentlechkeet. Dofir ass et immens wichteg, dass sou vill Leit wéi méiglech vun der Besetzung héieren. Schwätz also mat aner Leit iwwert de Contournement an d’Bëschbesetzung, schreif en Artikel fir eng Zeitung, organiséier eng Maniff géint de Contournement, maach eng Soliparty fir d’Bëschbesetzung,… dat sinn nëmmen e puer Iddien.