Hannergrond

Mam neie Contournement soll eng Verbindung vun der Collectrice du Sud laanscht Käerjeng gebaut ginn. Des Strooss soll allerdéngs direkt duerch de Bobësch an de Zämerbësch, souwéi duerch ugrenzend Fiichtwisen goen, déi gréisstendeels als Natura2000 Zone deklaréiert sinn.

De Bobësch an de Zämerbësch
D’Natura 2000 Zone

Déi zwee Bëscher si net immens breet. Wann de Contournement gebaut gëtt bleift plazeweis just nach op all Säit vun der Strooss en dënne Sträif Bësch iwwereg. Des Iwwerreschter sinn dann besonnesch empfindlech op Sonnenastralung an Hëtzt, well den natierleche Bëschmantel, den duerch Hecken a manner héich Gewächser garantéiert gëtt, ewegfällt. Den schonn ënnert dem Klimawandel leidende Bësch gëtt nach méi ufälleg fir Schädlingen an et besteet de Risiko, dass de Recht vum Bësch staark ageet.

Geschützten Déieren

Mam Bau vum Contournement gëtt en 120-150 Joer ale Bësch zerstéiert. Mat him verléieren eng Rei geschützten Aarten hire Liewensraum. Dozou kënnt, dass Bëscher wichteg CO2 Späicher sinn an d’Ofholze vun all Bësch kontraproduktiv am Kampf géint de Klimawandel ass. Grad zu Lëtzebuerg, wou mer bal keng gréisser Bëscher méi hunn, well se all vu Stroossen zerschnidde sinn, misst et eng Prioritéit sinn, eis Bëscher ze schützen!

De Bobësch an de Zämerbësch sinn ënner Anerem en Doheem vu verschiddenen Zorte vu Fliedermais an anere geschützten Déieren. Verschiddener vun dëse geschützten Aarten sinn ofhängeg vun der Zort Bësch, wéi de Bobi an de Zämi et sinn. Eng vun de Fliedermais zum Beispill jot an der absolutter Däischtert, déi de Bliederdach vum Bësch hir bitt.

An de Bëscher ginn et och zwee Weieren. Des bidden en ideale Liewensraum fir ënnert anerem Kammmolchen, déi zum Deel am Waasser an awer och u Land liewen.

Kompensatioun?

Laut Gesetz mussen déi zerstéiert Deeler vum Bobësch a vum Zämerbësch kompenséiert ginn. Déi proposéiert Moossname sinn allerdéngs Quatsch:

  • En néi geplanzte Bësch wäert op mannst genee sou laang brauche fir ökologesch wäertvoll ze ginn, wéi den alen. E Biotop brauch Zäit fir sech ze entwéckelen!
  • Néi Bëscher si besonnesch vulnerabel fir Dreschenten a Schädlingen, Problemer, déi sech duerch de Klimawandel nach verschlëmmere wäerten.
  • Et ass keng real Kompensatioun: déi néi Beem ginn op Wise geplanzt, wouduerch d’Biotop “Wiss” verluer geet. D’Wiss gëtt néierens kompenséiert an am Endeffekt gëtt méi Fläch versigelt a natierleche Liewensraum verluer.

Wer Straßen sät, erntet Verkehr

Nieft der ökologescher Katastroph, déi de Contournement duerstelle géif, ass et och fragwürdeg, wéi efficace dess Strooss wier.
Et ass bekannt, dass méi Stroossen méi Verkéier bedeiten. Wann d’Zil manner Verkéier ass, ass eng weider Strooss keng Léisung. De Contournement wäert net zu manner Verkéier bäidroen, am Géigendeel: en gëtt Deel vun engem internationalen Autobunnsnetz, wat just nach méi Autoen unzitt. De Contournement géif quasi parallel zu der Zuchstreck a Richtung Stad/Belge verlafen. Dat ass genee sou domm wéi et sech unhéiert. Amplatz nach méi Loftverpeschtung a Stau ze produzéieren, musse mer vum Eenzelverkéier fortkommen, also den ëffentlechen Transport ausbauen (zB méi Zich zu de Spetzenzäiten), de P&R vergréisseren a verkéiersberouegend Moossnahmen an der Avenue de Luxembourg schafen.

Fir ween ass de Contournement eigentlech?

Et ass och eng Fro vu Privileegien. Et muss een sech et leeschte kennen, en eegenen Auto ze hunn, de Bensinn ze bezuelen an an der Stad parken ze kennen. Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass gratis. Do froe mer eis, wien um Enn vun dem Ganzen profitéiert.