Du kanns ëmmer laanscht kommen fir dir d’Besetzung unzekucken a mat eis ze schwätzen.
Wann s du méi laang bleiwen an Deel vun der Besetzung gi wëlls, wier dat natierlech genial. Lies der do virdrun awer eist Selbstverständnis duerch an iwwerlee, ob s du dech mat eise Prinzippien identifizéiere kanns. Wann s du méi wéi just kucke komme wëlls, biede mir dech, e COVID-Schnelltest ze maachen.
Mir hunn och eng Basisausrüstung zesummegestallt, déi s du idealerweis matbréngs:
- Kloterausrüstung
- Schlofsak
- Isomatt
- fest Schong
- robust a wiederfest Kleeder
- Zännbiischt
- eege Medikamenter an Hygiènesartikel
- Stiirluucht
- Schaffhännchen
- evtl. en Zelt oder eng Hängematt
- Teller, Besteck, Taass
Du muss awer net all déi Saachen hunn fir dobäi ze sinn. Mir hunn och Saachen dovun am Bësch, déi gemeinschaftlech genotzt ginn, wéi zB Klotergurter.