Support vu baussen!

Wann s du net selwer op e Bam klamme kanns oder wëlls, kanns du d’Bëschbesetzung trotzdeem ënnerstëtzen! Virun allem am Ufank brauche mir Leit déi fir eis kachen (vegan!), bei deene mir duschen, eis Kleeder wäschen an eis Powerbanks oplueden kënnen. 

Ausserdeem hu mir eng Wonschlëscht mat Saachen, déi mir brauchen (coming soon!). Am léifsten wier et eis, wann des Saachen net extra nei kaaft ginn. Wann s du also eppes vun der Lëscht doheem hues an et net méi brauchs, géife mer eis immens freeën, wann s du et an de Bësch brénge kéints.

Solidaritéitsbekundungen:

“BobiBleift – déi Lénk si solidaresch mat de Bëschbesetzer*innen am Bobësch”

“Umgehungsstraße durch Bobësch: unnütz und verheerend für die Natur” – Presseerklärung vu Grrenpeace, natur&ëmwelt an dem Mouvement Ecologique