Selbstverständnis

Bobibleift! ass e Kollektiv vu Mënschen, déi sech fir den Erhalt vum Bobësch a Zämerbësch tëscht Suessem a Käerjeng asetzen. Mir gesinn eis Bëschbesetzung als leschte Moyen, fir d’Ofholze vum Bësch an de Bau vum Contournement ze verhënneren. Mir si kee Veräin oder Organisatioun, mee en Zesummeschloss vu Mënschen​​​​​​​, déi sech fir déi selwecht Saach asetzen.

Wat wëlle mir?

Mir fuerdere Klimagerechtegkeet statt engem weidere Contournement! 
De Bobësch, de Zämerbësch an déi ugrenzend Fiichtwisen mussen erhale bleiwen. Mat enger gewaltloser a friddlecher Bëschbesetzung fuerdere mir de Stopp vun dem Contournementsprojet tëschent Suessem a Käerjeng. Mir als bobibleift Kollektiv setzen ons dofir an, dass dëse wichtege Biotop weiderhi geschützt gëtt. Et ka net sinn, dass an Zäite vun enger Klimakriis esou ëmweltschiedlech Gesetzer gestemmt ginn. 

Wien ka matmaachen?

Jiddereen*t dat sech mat folgenden Prinzippien identifizéiere kann an och géint d’Zerstéierung vun de Bëscher ass, ass an der Besetzung häerzlech wëllkomm:

x…. Mir stellen eis ganz kloer géint all Form vun Diskriminéierung, wéi zB Faschismus, Rassismus, Sexismus, Queerfeindlechkeet oder Ableismus. D’Besetzung soll e safe space fir jiddereen*t sinn.  

x…. Entscheedungen ginn zesummen am Plenum nom Konsensprinzip geholl. Et si keng Eenzelpersounen, déi entscheeden, wat an der Besetzung geschitt.

De Kollektiv bobibleift ass net fir d’Aktiounen an d Sécherheet vun Eenzelpersounen responsabel.
Mir wëllen de Bësch schützen a probéieren dowéinst, den Impakt duerch d Besetzung sou kleng wéi méiglech ze halen. Besetzungen sinn invasiv, dofir ass et wichteg, op de Weeër ze bleiwen an keng Schied ze hannerloossen.